Enn Oktober ass deen als extrem geféierlech agestuuften Hurrikan Melissa iwwert Jamaika ewechgezunn an huet do schwéiere Schued hannerlooss. Fir de Leit op der Plaz ze hëllefen, organiséiert d’Luxembourg Caribbean Carnival Association dëse Samschdeg eng Spenden-Aktioun.
Lass geet et um 12:30 Auer am Bâtiment 4 an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch-Uelzecht, dat mat verschiddene Workshoppen. Arlette Fenton:
“So we had planned Workshops: a Steelpan Workshop which is completely free, then we are having a Soca Dance Workshop. Soca is one of the genre of music in the Caribbean, And also we are going to partner with “Production des Artistes Pluriels” to offer Djembe-Drums, which is a west African Instrument.”
(“3 Workshoppe si geplangt: ee Steelpan Workshop, e Soca Dance Workshop, Soca ass e Genre vu Musek an der Karibik, an en Djembe Cours.”)
Umelle fir dës Workshoppe kann ee sech op der Internetsäit vun der Associatioun. Donieft ginn et muer awer och jamaikanesch Spezialitéiten ze schmaachen. Wie wëllt, kann awer och haltbar Liewensmëttel oder Hygiène-Artikel a Summer-Kleeder ofginn:
“I know for sure two people who are going over to Jamaica in December, who will be able to carry some goods over. So if people want to bring some goods to Bâtiment 4 when they are coming, then we accept the goods and they will take the goods for us.”
(“Ech kennen 2 Persounen déi am Dezember op Jamaika fléien an déi Saache mat eriwwer kënnen huelen. Wa Leit also Saachen an de Bâtiment 4 wëlle bréngen, da kënne si dat gäre maachen.”)
Bis 22 Auer kënnt Dir bis dohinner kucke goen. A sollt Dir muer keng Zäit hunn op Esch ze fueren, da kënnt Dir natierlech och gäre Kontakt mat der “Luxembourg Caribbean Carnival Association” ophuelen déi Iech seet wéi Dir se am beschte bei hirer Spenden-Aktioun ënnerstëtze kënnt. Et ass dann och den Appell un d’Firmen hei am Land sech solidaresch mat den Affer vum Hurrikan Melissa zu Jamaica ze weisen:
“Please match our donation. If, for example, we’ll give 500 or 1000 Euro, we’ll ask you if you can give the same or you could give less, as long as we’re having donations. Ten is better than zero.”
(“Wa mir 500 oder 1000 Euro ginn, da kéint Dir zum Beispill dat selwecht drop leeën. Oder Dir gitt manner, Haaptsaach mir kréie Spenden. 10 Euro sin ëmmer besser wéi 0.”)
D’Kontosnummer fir Är Spend fannt Dir op luxembourgcaribbeancarnival.com an awer och op radio.rtl.lu. All eenzelen Don geet iwwregens integral weider bei déi verschidden Associatiounen déi dës um Terrain benotzen.
Detailer Kont:
Luxembourg Caribbean Carnival Association
IBAN: LU24 1111 7687 5025 0000
BIC: CCPLLULL
Referenz: “Jamaica”

